Wéi kënnt de Präis vum Drénkwaasser zustanen?
D’Präisser fir Drénkwaasser goufen dëst Joer adaptéiert. Den Direkter vum SEBES, Georges Kraus, erkläert: „De Waasserpräis setzt sech aus verschiddene Faktoren zesummen: 45 % entfalen op den Amortissement, 5 % op d'Taxe de prélèvement, 25 % op Personalkäschten an 15 % op Fonctionnementskäschten.“ D’allgemeng Präisentwécklung an d’Hausse vun de Stroumpräisser hunn och d’Waasserpräisser beaflosst. Méi zu dësem Thema ass am RTL-Reportage heidrënner erëmzefannen.