Wandpark Eschduerf: Wandenergie am Déngscht vun der Drénkwaasserversuergung
Den 11. Juni 2026 ass zu Eschduerf de Startschoss fir de Projet „Wandpark Eschduerf“ gefall, eng gemeinsam Initiativ vum SEBES a SOLER. D’Wandanlag mat enger Leeschtung vu 6 MW soll dozou bäidroen, d’Drénkwaasserversuergung a Lëtzebuerg méi sécher an nohalteg ze maachen.
Als wichtege Fournisseur vu bis zu 70 % vum nationalen Drénkwaasser an dréchenen Zäite setzt de SEBES ëmmer méi op erneierbar Energien. Mat dësem Projet gëtt d’Waasseropbereedung direkt mat Wandenergie versuergt, wat net nëmmen den CO₂-Ofdrock reduzéiert, mee och d’Versuergung och am Fall vun engem Blackout ofséchert.
D’Anlag vun der neister Generatioun liwwert genuch Stroum fir d’Drénkwaasserproduktioun vum SEBES an entsprécht domat enger Energieversuergung vu ronn 4.800 Stéit. Si dréit sou wesentlech zur Stäerkung vun der Energie- a Waasserresilienz vum Land bäi. De „Wandpark Eschduerf“ steet fir eng nohalteg a kooperativ Entwécklung vun der kritescher Infrastruktur zu Lëtzebuerg.
actualités
Plus d'articles
actualités
Aweiung vum Waasserbehälter mat der Energiereckgewënnungsturbinn « Kackeschbësch »
lire l’article
actualités
De Konterbont beim SEBES – De Wee vum Waasser: Vum Stauséi bis an de Krunn
lire l’article