PROVAR Chantier – 04.2025
De SEBES huet rezent Taucharbechten am Stauséi zu Esch-Sauer duerchgeféiert, fir den hydraulesche Zylinder vun der PROVAR-Installatioun ze wiesselen.
Dës technesch Interventioun war noutwenneg, well et déi éischte Kéier zënter der Installatioun vum System am Joer 1991 war, datt dësen zentrale Bestanddeel ersat gouf.
De PROVAR ass eng fest installéiert Konstruktioun, déi et erméiglecht, Waasser aus verschidden Déiften aus dem Stauséi ze gewannen, an där d’Algenkonzentratioun niddreg an d’Waasserqualitéit am beschten ass.
De betraffene hydraulesche Zylinder, deen am Kader vun dëser Aarbecht ersat gouf, erméiglecht d’Waasser aus Déiften tëschent 10 a 35 Meter aus dem Séi ze huelen. Nodeems en iwwer 30 Joer am Asaz war, war en Austausch technesch néideg ginn, fir de weidere Fonctionnement vum System ze garantéieren.
Dës Interventioun suergt dofir, datt de SEBES och an Zukunft säin Réiwasser aus Déiften, wou d’Waasserqualitéit optimal ass, ze huelen – eng wichteg Grondlag fir eng sécher an nohalteg Drénkwaasserversuergung.
actualités
