Weider Informatioune fannt Dir ënner : https://www.insekten.lu/
Naturno Gréngflächen
De SEBES ënnerstëtzt a bedeelegt sech aktiv um Projet „D’Naturparken zu Lëtzebuerg – (een) Insektenräich“.
D’Mataarbechter vum SEBES hunn d'lescht Woch um neie Site zu Eschduerf, ënner der fachlecher Begleedung vum Naturpark Öewersauer, iwwer 0,8 ha Terrain mat enger eenheemescher a besonnesch insektefrëndlecher Blummewiss agséint.
Op dësem Areal, deen vum Drénkwaasserversuerger fir déi eegen Stroumproduktioun mat erneierbaren Energien reservéiert ass, wäerten 13 Photovoltaik-Tracker an Zukunft an enger naturnoer Blummewiss kënnen installéiert ginn.
E bewosste Bäitrag zu méi ökologescher Qualitéit op ëffentlechen Flächen a méi Aartenvielfalt an eiser Landschaft.
actualités
