Weltwaasserdag 2025
Haut, den 22. Mäerz, steet alles am Zeeche vum Waasser, eis wäertvollst Ressource.
Eis Missioun bei SEBES ass et, d’Versuergung mat héichwäertegem Drénkwaasser fir Lëtzebuerg ze garantéieren. Dofir investéiere mir an nohalteg Léisungen a sensibiliséiere fir de bewosste Ëmgang mam Drénkwaasser. Besicht eisen Circuit de Visite a entdeckt, wéi Drénkwaasser produzéiert gëtt, a wat hannert der Gestioun vun eise Waasser Ressource stécht. Eng geféiert Visitt bitt en interessante Bléck op de Wee vum Waasser – vun der Natur an de Krunn.
actualités
