10 Joer LAKU – Eis Landwirtschaft, Eise Stauséi, Äert Drénkwaasser
D’LAKU steet fir eng Waasser schounend a wirtschaftlech realistesch Landwirtschaft am Waasserschutzgebitt vum Stauséi – fir och an Zukunft eng nohalteg Drénkwaasserversuergung kënnen ze garantéieren.
Um Stand op der Foire Agricole kënnt Dir d’Zilsetzungen an d’Aarbecht vun de LAKU-Memberen, wéi och déi praktesch Zesummenaarbecht vun der Kooperatioun an der Regioun kenne léieren.
Um Stand vertruede sinn d’LAKU, den Drénkwaasserversuerger SEBES, den Naturpark Öewersauer an d’Bäckerei Jos & Jean-Marie mat der Genossenschaft Käre vum Séi.
Entdeckt d’Zesummenaarbecht vun allen Akteuren, déi konkret a virbildlech am Sënn vum nationalen Drénkwaasserschutz schaffen.
actualités
