De Konterbont beim SEBES – De Wee vum Waasser: Vum Stauséi bis an de Krunn
De Magasinn Konterbont war beim SEBES op Besuch, fir en Abléck an eis Aarbecht ze kréien. Am Reportage geet et ëm de Wee vum Waasser – vum Stauséi bis an de Krunn – a wéi mir fir proppert a sécher Drénkwaasser zu Lëtzebuerg suergen.
Wat ass de Konterbont?
De Konterbont ass e lëtzebuergesche Magasinn, editéiert vun der ASBL Autisme Luxembourg. Och wann d'Associatioun hanner dem Projet steet, geet et am Magasinn net direkt ëm d'Thema Autismus. De Konterbont weist Lëtzebuerg a senger ganzer Faarwegkeet a behandelt an all Editioun e speziellt Theema, mat Rubricken aus de Beräicher Kultur, Ekonomie, Soziales, Kulinarik, Sport a méi.
Nieft professionelle Journalisten a Korrespondente schaffen och Persounen aus dem Autismus-Spektrum un den Texter mat.
actualités

Plus d'articles
actualités

Communiqué : Stellungnam zum Artikel iwwer Waassererliefniszentrum am Naturpark Öewersauer
lire l’article