Schüler aus der Mäerzeger Schoul zu Besuch bei SEBES
SEBES hat kierzlech eng motivéiert Schülergrupp vun der Mäerzeger Schoul begréisst, déi un der First Lego League 2024/2025 deelhëlt. D'Schüler hunn eis mat hirem Enthusiasmus an hirer Kreativitéit begeeschtert. Am Kader vun der aktueller Challenge „Submerged“ hunn si eng innovativ Léisung entwéckelt: de Bau vun engem speziellen Filter, deen d'Algen aus de lëtzebuergesche Flëss erausfiltere soll. Während hirem Besuch kruten si vun eisem Direkter, dem Här Georges Kraus, nach wichteg Erklärungen a wäertvoll Tipps fir hiere Projet. Mir si begeeschtert vun hirem Asaz a si gespaant op hir weider Fortschrëtter. Mir wënschen hinnen vill Erfolleg bei hirer Missioun!
actualités