Viirstellung & Geschicht vum SEBES

Mat dem Gesetz vum 31 Juli 1962, krut de SEBES d’Aufgab d‘Drénkwaasserversuergung vum Land mat opbereetem Stauseewaassser ze verstäerken.

  • Clienten an Memberen
    D‘Drénkwaasserverdeelung geschitt direkt aus dem Behälter vun Eschdorf un eis Memberen:
    • d‘DEA vir den Norden vum Land,
    • den SES vir den Süden,
    • d‘Staad Luxembourg,
    • de SIDERE vir den Osten an
    • de SEC vir d‘Gemengen am Zentrum.
  • SEBES an Zuelen
    De SEBES liwwert ongeféier d’Halschent vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg an erreecht 90% vun der Bevëlkerung op 81% vun der Landesfläch.
    Éischt Waasserliwwerung: 19. Juni 1969 un d‘DEA
    500.000.000 m³: 27. Mee 2006 um 10:54
    Maximal Liwwerung: 2. Juli 2015: 92.326 m³/j

Geschicht

1953-1958

Bau vun der Staumauer

Well d‘Grondwaasserreserven vum Lëtzebuerger Sandsteen nët méi duer goungen fir d’Drénkwaasserversuergung vum Land, gouf an den fofzeger Joere eng Staumauer zu Esch-Sauer gebaut.
Dës Mauer gouf no den Pläng vum Ingénieur André Coyne opgeriicht:
• Staumauer: Barrage voûte
• Héicht: 47 Meter
• Déckt: ënnen 4,5m, uewen 1,5m
• Fëllung: mat Reewaasser am Wanter an am Fréijoer
• Anzugsgebitt: 428 km² (2/3 an der Belsch)
• Fläch: 3,8 km²
• Maximaalt Stauvolumen: 60 Milliounen m³
• Éischt Fëllung: 1959

1963-1969

Bau vun den SEBES-Installatiounen

An den sechzeger Joeren gouf mam Bau vun der Opbereedungsanlag zu Esch-Sauer ugefangen.
D’Waasserrengegung geschitt an 5 Schrëtt, déi sech aus enger Ozonéierung mat Aktivkuel Doséierung, der Flockung, den Sandfilteren, der Ophäerdung an der Desinfektioun zesummesetzt. Dat fäerdegt Drénkwaasser gëtt duerno an den Behälter vun Eschduerf gepompelt.
De SEBES an Zuelen :
• Opbereedungsleschtung : 72.000 m³/j
• Kapazitéit vum Behälter Eschduerf : 35.000 m³
• Héichtenënnerscheed : 250 m
• Längt vun Leitungsnëtz: 175 km
• Éischt Waasserliwwerung : 1969

1989-1990

Ersatzléisung

Fir d’Drénkwaasserversuergung vum Land och während dem Vidange vum Stau oprecht ze erhalen, huet de SEBES op 4 Platzen an der Géigend vu senger Leitung 19 Pëtzer gebuert.
Dës Ersatzléisung huet eng Kapazitéit vu ronn 40.000 m³ pro Dag.

1991

Vidange vum Stau

Fir dringend Reparaturaarbeschten gouf de Stau 1991 ganz eidel lafe gelooss.

Installatioun vum PROVAR

De SEBES huet vun dem Vidange profitéiert fir eng nei beweglech Installatioun an den eidelen Séi ze bauen. Mat dësen beweglechen Aarm aus INOX kënnen mir eist Réiwaasser aus der Déift zéien wou d’Waasser déi bescht Qualitéit huet. Am Summer ass dat am ënneschten Deel vum Séi wou am mannsten Algen sinn an am Wanter ass dat méi uewen.

2017-2021

Erweiderung vun den SEBES-Installatiounen