Fir dringend Reparaturaarbeschten gouf de Stau 1991 ganz eidel lafen gelooss.
Fir d‘Drénkwaasserversuergung vum Land och während der Vidange vun Stau oprecht ze erhalen, huet de SEBES op 4 Platzen an der Géigend vun senger Leitung 19 Pëtzer gebuert.
Dës Pëtzer ginn haut als Ersatzléisung mat enger Kapazitéit vun ronn 38.000 m³ pro Dag bedriwwen.