Kommt eis néi Drénkwaasser Opbereedungsanlag zu Eschduerf entdecken.
Zesumme mat Famill a Frënn kënnt der eng Visitt vun eiser neier Anlag maachen. Duerno proposéieren mer Iech Animatiounen fir Grouss a Kléng an natierlech ass fir Iessen an Drénken beschtens gesuergt.
Programme
Visitt vun eiser neier Anlag
Op eiser éischter Porte Ouverte zu Eschduerf hutt dir d’Méiglechkeet vir d’éischt Kéier en Abléck an eis néi Drénkwaasser Opbereedungsanlag ze kréien. Hei kritt dir an verschidden Highlights en Abléck wou äert Krunnewaasser produzéiert gëtt.
Animatiounen vir Grouss a Kléng
Vir ären Openthalt bei eis esou flott ewéi Méiglech ze gestalten, proposéieren mer Iech nieft der Visitt vun eiser Opbereedungsanlag och Animatiounen vir Grouss a Kléng.
Hei kënnt dir Klassiker fannen ewéi Sprangschlass oder eng Maquilleuse, mee och edukativ Themen verbonn Animatiounen déi mat Waasser ze dinn hunn. Den Prof. Aqua-Wass ass sur place an erkläert op eng spilleresch Aart a Weis verschidden Prinzipien déi mat Waasser ze dinn hunn. Op engem Waasser Parcours kann een kucken wei een am mëschten Waasser spuert beim Transport vun enger Séit op déi aner. Musikalesch gitt dir natierlech och begleet: D’ass een Waasserglieserspiller an d’Brass Dixie Band sur place.
Detail zu den Optrëtter vum Prof. Aqua-Wass:
Samschden um 11h00 an um 12h30
Sonnden um 11h00, 14h00 an um 16h00
Och eis Partenairen ewéi den CGDIS Dépollution, den Naturpark, d’LAKU an d’AGE sinn mat Workshops sur place.
Dës Beispiller vir Iech ze soen datt mir frou wieren dësen Dag mat Iech zesummen verbréngen ze dierfen.




Iessen an Drénken
Dir kritt den ganzen Dag iwwer Gratis Drénkwaasser. Vir aner Gedrénks an Iessen këmmert sech d’Entente vun Eschduerf an all Einnamen ginn och un Sie.
Divers
Parking
Wann der mam Auto bei eis kommt, hutt dir d’Méiglechkeet op 3 verschidden Parkingen ze fueren.
Hei gitt dir vun eis geleet an agedeelt. Vir den Parking 5 fiert regelméisseg eng Navette.

Öffentlegen Transport
Wann dir mam öffentlegen Transport bei eis kommen wëllt, kënnt dir dat gäre mam Zuch a Bus maachen. Vun der Gare zu Ettelbréck aus kënnt dir d’Linn 133 huelen, déi Samschdes all Stonn an Sonndes all 2 Stonnen fiert.
Méi Informatiounen fannt dir op: www.mobilitéit.lu
Déieren
Wann dir mat ärem Hond kommt, dierft dir leider net an eis Drénkwaasser Opbereedungsanlag eran. Mir stellen en Liewensmëttel hier an sinn un streng Kontrollen gebonne.
Wann dir trotzdem mat ärem Vierbeiner kommt, kënnt dir awer direkt an eisen Haff bei d’Animatioun an d’Iessen. Jiddereen ass vir séin Deier sëlwer responsabel an mir ginn dervun aus datt den Meeschter weess op den Mupp Manéieren huet.